Sie sind hier

Lënster Demokrat September 2022

Lënster Demokrat

Léif Lieser, léif Frënn,

Déi aktuell Legislaturperiod geet lues mee sécher op en Enn. Et ass deemno d’Zäit fir Recul ze huelen, a fir de Bilan vun de leschte 6 Joer ze maachen.

E Bléck an de Koalitiounsvertrag weist, dass mir ons fir déi Legislatur en ganz éiergäizege Programm virgeholl haten, e Programm, dee mir mat – Fläiss, Engagement an Häerz ugaange sinn.

Et ass eng intensiv Zäit gewiescht, an dat op allen Niveauen: Am Schäffen- a Gemengerot, an de Kommissiounen, op de verschiddenen Informatiounsversammlungen, an de Veräiner, op de Manifestatiounen an an de sëllege Gespréicher mat de Biergerinnen a Bierger.

Zesumme mat iech, schaffe mir elo um nächste Walprogramm. Sief et duerch är Äntwerten op ons Ëmfro, bei där vill Léit matgemaach hunn, sief et duerch d’Gespréicher um Terrain oder via de bloen Drot ( jonglenster@dp.lu): Ären Input fléisst an de Programm mat an! An dofir e ganz grousse MERCI un iech!

An dësem Lënster Demokrat wëlle mir iech soen, wat mir an onser Gemeng alles gutt fannen! Op den nächste Säite fannt dir dofir e kléngen Iwwerbléck. Ma ech si sécher, datt iech weider Saachen dozou afalen!

Loosst ons weider zesummen ons Gemeng Lënster gestalten.

Vill Spaass beim Liesen.

Karine Bausch
Presidentin


Mir schaffe fläisseg weider, fir d’Gemeng nach méi liewenswäert ze gestalten. An de leschte 5 Joer ass ons Populatioun em 1.000 Awunner gewuess, dat verlangt selbstverständlech vill Upassungen. Et gëllt politesch Responsabilitéit ze huelen, sech zesummen ze setzen, a gezielt Decisioune fir d’Allgemengheet ze huelen.

Mam Wuesstem mussen och d’Infrastrukturen ugepasst ginn. Dat mécht des Majoritéit verstäerkt am Dialog mam Bierger. Sief et wärend de Klimadeeg, a Workshoppe fir d’Gestaltung vun onser neier, zentraler Plaz am Kär vu Lënster oder op ëffentlechen Versammlungen, z.B. fir d’Restrukturatioun vum Schoulcampus an der Buerg. Och d’Kommissiounen – an zanter engem knappe Joer och d’Klimateam – ginn an déi verschidden Entwécklunge mat agebonnen. Dat Ganzt ëmmer verbonne mam Zil, fir d’Ëmwelt ze preservéieren a fir onse Biergerinnen a Bierger en héije Confort ze bidden.

Wat ass elo nach alles geplangt? De Bau vun der Maison Relais zu Lënster ass amgaangen, mat der Museksschoul an der Naturcrèche kann d’nächst Joer ugefaange ginn. D’Ëmstrukturatioun vun der Haaptstrooss duerch Lënster – mat engem Tracé fir déi douce Mobilitéit an der Ëmwandlung an eng Zone 30 – wäert fir eng däitlech Verbesserung vun der Liewensqualitéit suergen. Och an der Buerg an zu Gonnereng wäert eng Zone 30 bei d’Schoule kommen. Alleguerten d’Gemengeninfrastrukture ginn no an no modernéiséiert . Eescheler a Eesebuer kréien e Veräinssall, dee vun Allënster ass fäerdeg an aner Dierfer kommen no!

D’DP mécht eng Politik fir all d’Bierginnen an d’Bierger an der Gemeng Lënster mat hiren 12 Dierfer (Uertschafen). Esou hu mir et bis elo gehalen an esou wëlle mir och gäre virufueren.

Ben Ries
Sekretär & Schäffen